Aktioun "Tierheimwünsche werde wahr" am Fressnapf Howald
06/12/2022
An schonn ass et rëm souwäit… "Tierheimwünsche werden wahr im Fressnapf Howald" Bis de 24.12. leeft d‘Chrëschtdagsaktioun am FRESSNAPF um Houwald zu Gonschte vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng. Um Wonschchrëschtbeemchen hänke vill kleng Käertecher mat flotte Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen. Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déieren maache wëllt an déi dann...
Äddi Splash
02/11/2022
Léiwe Splash, Lo ass de Moment komm, wou mir dir mussen Äddi soen… Obwuel mer eis opgrond vun denger gesondheetlech leider ganz onstabiler Situatioun bewosst waren, dass dësen Dag fréier oder spéider komme wäert, ass et elo onerwaart a virun allem ganz schnell gaangen. Du hues awer ee richteg schéinen Alter erreecht, virun allem wann ee bedenkt wat s du schonn alles an dengem Liewe mattgemaach hues... Du has keen einfacht Muppeliewen, dat...
Bichermaart de 19. & 20.11.2022 vu 14 bis 18 Auer
20/10/2022
BICHERMAART de 19. & 20.11.2022 vu 14h00 bis 18h00 Auer am Regionalen Déierenasyl zu Diddeleng, 45 rue de la Forêt Well op onsem Hierschtfest d‘Bicher dëst Joer e bëssen ze kuerz komm sinn, maache mir elo de 19. an 20. November en exklusive BICHERMAART mat Kaffi a Kuch  --> Vill Bicher zu villen Themen --> Kaffi & Kuch --> Den Asyl ass trotz Chantiersaarbechten zu Fouss ze erreechen  --> Parkméiglechkeeten...
Hierschtfest den 02.10.2022 vun 11 bis 17 Auer
02/10/2022
Porte-ouverte 2022
02/06/2022
Bei schéinem Wieder an entlech rem ouni Corona Restriktiounen, huet et ons immens gefreet, dass sou vill Leit de Wee ob eis Porte-ouverte vum 22. Mee 2022 font haaten.    MERCI fir Äere Ënnerstëtzung duerch äeren Besuch, äer Sach-  a Geldspenden.   Team vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng 
Porte-Ouverte den 22.05.2022 vun 11:30 bis 17 Auer
22/05/2022
Porte Ouverte am Regionalen Déierenasyl Diddeleng, den 22. Mee 2022 vun 11h30 bis 17h00  Visitt vum Asyl  Eppes Guddes vum Grill (och vegetaresch)  Second-Hand Shop Kal Cocktaile fir de Summer ze begréissen  Mir freen eis op Iech   
E klengt Chrëschtdagswonner
24/12/2021
Dir wäert et kaum gleewen, awer nee, dës Kéier mellen ech mech net aus dem Asyl… Ech melle mech aus mengem eegenen Doheem ! Jo, Dir hutt richteg gelies! Ech, d’Skippy, sinn elo no iwwer 10 Joer am Asyl am Alter vu stolzen 13 Joer adoptéiert ginn an hunn dierfte kuerz virum 2. Advent a mäi neit Doheem eraplënneren. Dëst war natierlech fir jiddereen immens opreegend… Fir mech, awer och fir d’Zweebeener...
Carte de membre 2022
22/12/2021
Un don de la part d'ANIMAGICK
18/12/2021
Un grand MERCI à Magalie et Anick de ANIMAGICK qui ont collecté, lors de leur action de Noël , une somme de 410,- Euro en faveur de nos protégés chiens et chats.
Hierschtfest 2021
08/10/2021
Eist Hierschtfest war ee richtegen Erfolleg no der laanger Corona-Zwangspaus. Merci, dass esou vill Leit trotz deem schlechte Wieder awer de Wee bei eis op d'Hierschtfest fonnt haten. Eis Muppen a Kazen hunn sech gefreet!