Äddi Splash

02/11/2022

Léiwe Splash,

Lo ass de Moment komm, wou mir dir mussen Äddi soen… Obwuel mer eis opgrond vun denger gesondheetlech leider ganz onstabiler Situatioun bewosst waren, dass dësen Dag fréier oder spéider komme wäert, ass et elo onerwaart a virun allem ganz schnell gaangen. Du hues awer ee richteg schéinen Alter erreecht, virun allem wann ee bedenkt wat s du schonn alles an dengem Liewe mattgemaach hues... Du has keen einfacht Muppeliewen, dat ass sécher. Den Asyl war duerfir däi neit Doheem ginn an och deng lescht Etapp, wat eis mat der Zäit emmer méi kloer ginn ass. Et ass schued, dass du keen eegent Haischen méi fonnt hues wou s du häss kéinten ee schéint lescht annerhalleft Joër verbréngen, mee duerfir ass déi ganz Ekipp aus dem Asyl deng Famill ginn an déi aner véierbeeneg Bewunner deng Kolleegen. Et war schéin ze gesinn, wéi schnell dass du bei eis opgebléit waars an zefridde mat dengem neie Liewen a mat dengem eegene klengen Alldag gi bass. Du hues dech ëmmer op en Neits iwwert d’Präsenz vun de Fleeger a Fleegerinnen an op all gudde Leckerli gefreet; gekuschelt hues du och gär a viru frieme Leit ware mer duerch dech ganz gutt geschützt! Elo ass deng Kusch eidel, mee mat der Gewëssheet, dass du elo erléist bass, wäers du eis all als ee ganz staarkt Déier an Erënnerung bleiwen fir dat Opginn déi lescht Optioun war. Maach et gutt a gréiss eis d‘Kolleegen am Muppenhimmel – ënner anerem eist Skippy, dat och ganz rezent huet misse seng léif nei Famill fir ëmmer verloossen… Run free, Splash, mir vergiessen dech net a sinn dankbar fir déi schéin Zäit zesummen.