Je fais un don

1

Quel type de don ?

2

Quel moyen de payment ?

3

Mon don

4

Mes coordonnées

De Regionalen Déierenasyl Diddeleng brauch ronn 400'000.-€ pro Joer fir kënnen ze funktionéieren.

Mir sinn op är Generositéit ugewise fir weiderhin de Muppen a Kazen, déi eis Hëllef brauchen, kënnen zur Säit ze stoen.

Et gi vill Méiglechkeete fir eisen Déieren är Hëllef zoukommen ze loossen:

  • duerch e finanziellen Don**
  • duerch eng Patenschaft fir ee vun eise Muppen oder Kazen.
  • duerch e materiellen Don wéi Decken oder Spillsaachen. D‘Fudder w.e.g. just op Récksprooch.
  • duerch d’Adoptioun vun engem vun eise Muppen oder Kazen.
  • duerch eng Uschafung aus eisem Second-Hand Shop fir äre Mupp oder är Kaz (méindes bis freides vu 9:30 bis 17:00 Auer op / Samstes just op Rendez-vous).
  • duerch de Kaf vu Fachbicher iwwert Muppen a Kazen an eisem Shop

Weider kënnt dir eis och duerch e Besuch op eise Stänn am Asyl während dem Dag vun der oppener Dir den zweete Sonndeg no Ouschteren ënnerstëtzen. An op de Stänn vun eisem Hierschtfest bidde mir och Villes ronderëm d’Muppen a Kazen un.

**Société pour la Protection des Animaux Dudelange a.s.b.l. , Mammegesellschaft vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng, ass duerch e groussherzogleche Beschloss vum 28. August 2020 als Associatioun „d'utilité publique" unerkannt gin. Domat sinn Donen an eiser Faveur steierlech ofsetzbar.

Villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

Eis Spendeweenercher fir materiell Donen fannt dir :

  • an am Fressnapf um Houwald
    • 4, rue des Scillas (Cactus Hobby)

Eis Spendekeschten fir finanziell Donen fannt dir:

    • Pharmacie Gillain
      2, rue du Commerce
      L-3450 Dudelange
    • Déierenklinik Alzeng
      28 rte de Syren
      L-5870 Alzingen
    • Pédicure Kree
      2, rue du Bois
      L-4912 Bascharage
    • Vetcare
      62 A Grand Rue
      L-3394 Roeser
    • Beim Bonsai Särl
      19, rte de Luxembourg
      L-3515 Dudelange
    • Q Moderne
      17, rue d'Audun
      L-4018 Esch-sur-Alzette
    • Déierenphysio Colling
      37 Leebierg
      L-5359 Schuttrange
    • Baumarkt Globus
      239 Z.A.E. Wolser A
      L-3225 Bettembourg
    • Dr. Caroline Lutgen
      94 Av. G-D Charlotte
      L-3440 Dudelange