Dëse klenge 3,5 kg Wutz wou esou suergevoll kuckt ass d'Zazu, ee kastréiert Meedchen vun 3-4 Joer. Hatt ass keen Angschthond awer hatt ass am Ablack nach iwwerfuerdert mat sengem neie Liewen a brauch eng roueg a verständnisvoll Famill ouni Kanner di him nei Zäit leits di hatt brauch fir unzekommen. Et wär flott wa schonn e léiwe Mupp an der Famill wär, och mat Katzen huet hatt kee Problem.
Kontakt: info@deieren-an-nout.lu
Moien ech sinn d'Tequila, ee Malinois-Weibchen vun 3 Joer. Ech si verspillt, brauch vill Bewegung an eng konsequent Erzéiung. Mat Leit, déi ech net kennen oder mat Besuch, sinn ech e bësse speziell awer mat der néideger Erzéiung an engem positiven Training wäert ech dat scho léieren. Un sech sinn ech nämlech ee léiwen Hond.