Teddy
Ritt, Goldendoodle, 11 Méint

Leider verdréit den Teddy sech net mat dem Havaneser (9 Joer)  an Situatioun gëtt riskant fir di 2 kleng Kanner am Stot, doduerch musse mer leider en neit Doheem fir den Teddy sichen.

Vum Alter an der Race hier ass hien e léiwe sympatheschen a verschmuusten, awer äerdechen Jungspunt. Hien ass gesond a monter a wëll schnell an säin "fir-ëmmer-Doheem", wou hien idealerweis eleng als Hausdéier ass, a keng kleng Kanner wunnen.

Gesicht ginn aktiv Leit déi sech Zäit gingen huele fir dem Teddy ob positiv Manéier nach vill bäi ze bréngen an hien mat interaktiven Beschäftegungen wi Dummy oder Nuesenarbecht (zum Beispill) auslaaschten.

Bei Interesse mellt Iech ënnert der Mailadress: noesenp@gmail.com

Charakter: Gentil et joueur
Verhalen: Gentil et actif
Versteet sech mat aneren Honn: Selon sympathie, pas les petits chiens
Versteet sech mat Kazen: Non
Versteet sech mat Kanner: Oui, adolescents qui traitent les animaux avec respect
Ech géif mech wuel fillen: Cherche une famille active
Lucky
Ritt, Laobé , 3 Joer et 8 Méint

De Lucky sicht drengend en neit Doheem. An engem enken Appartement mat engem klengen Kand vun 9 Méint, wou den Lucky ganz nervös drob reagéiert, as eng onméigelech Situation entstan.

De Lucky as e gudde Mupp fir an eng Famill déi aktiv as, sech mat Hënn, déi ganz sensibel sin a Beschützerinstinkt hun, auskennt a wou Kanner ab 4 Joer sin, déi den Hond mat Respekt behandelen. Doheem as hien generell roueg, brauch eng Platz wou hien sech zereck zéie kann. Mat friemen Leid as hien am Ufank onsecher, kann dat och mol mat grommelen weisen. Wann hien bis seng Leid richteg kennt as hien en treie Begleeder deen seng Famill beschützt.

Ween Interesse huet an dem Lucky en Chance wëll gin, kann sech mellen bei der Tel. Nummer : 691 949 682

Charakter: Timide au début
Verhalen: sensible et protecteur
Versteet sech mat aneren Honn: selon sympathie
Versteet sech mat Kazen: non
Versteet sech mat Kanner: Ok pour enfants à partir de 4 ans, qui traitent les chiens avec respect
Liewen an der Famill: calme, propre, protecteur
Ech géif mech wuel fillen: famille active avec expérience caninnes sensibles
Opgepasst: petits enfants et très stressé chez le vétérinaire