Spoon
Ritt, Bulldog Française, 3 Joer et 3 Méint

De Spoon sicht seng Mënschen – eng zweet (oder éischter fënneft) Chance op e glécklecht Liewen.

De Spoon ass eng 3 Joer al franséisch Bulldog, déi leider bis elo keen einfacht Liewen hat. No engem schlëmme Bandscheibevirfall war de Spoon un den hënneschte Been gelähmt. Trotz enger Operatioun ass d‘Lähmung awer leider (nach) net vill besser ginn. De Spoon ass leider bedéngt duerch seng Lähmung net propper a brauch Wëndelen.

Trotz dëser schwéierer Situatioun hat de Spoon immens vill Gléck: D’Déiereklinik Krakelshaff huet sech – zesumme mat eis – bewosst géint eng Euthanasie entscheet. Firwat? Well de Spoon en onheemlech léiwen, sozialen a gedëllegen Hond ass. Hie léisst sech vill gefalen, ass frëndlech mat Mënschen a weist all Dag, wéi vill Liewenswëllen a Potenzial nach an him stécht. Wéinst sengem jonken Alter wier et einfach ze schued gewiecht, him net d’Chance ze ginn, ze léieren, sech un e Rollstull ze gewinnen an trotz senger Behënnerung e schéint a wäertvollt Liewe weiderzeféieren.

Hee soll an Zukunft och weider léieren, sech sécher a selbststänneg mat sengem Rollstull ze beweegen. De Rollstull gëtt natierlech bei senger Vermëttlung matginn, an eis Equipe steet berodend zur Säit, fir den Iwwergang fir Hond a Famill esou gutt wéi méiglech ze gestalten.

Mir sichen elo eng gedëlleg, empathesch a verantwortungsvoll Famill, déi bereet ass:
 • sech op d’Besoine vun engem Hond mat Behënnerung anzeloossen
 • reegelméisseg Physiotherapie ze garantéieren
 • de Spoon beim Léiere mam Rollstull z’ënnerstëtzen
 • an him d’Léift, Stabilitéit a Sécherheet ze ginn, déi hien sou verdéngt

De Spoon ass kee „problemateschen Hond“ – ganz am Géigendeel.
Heen ass e klenge Kämpfer mat engem groussen Häerz, deen trotz allem nach Freed um Liewen huet an dës Freed gären mat „senge“ Mënsche deelt.

Wann Dir interesséiert sid de Spoon kennen ze léieren an him wëllt eng Chance an Ärem Doheem ginn, da mellt Iech am Diddelenger Déierenasyl per E-Mail un info@asile.lu 

Charakter: Très gentil
Verhalen: Très gentil
Versteet sech mat aneren Honn: Oui
Versteet sech mat Kanner: Ok avec enfants que traitent les animaux avec respect
Opgepasst: Chien à mobilité réduite