Moien, mäin Numm ass Gaspard.
Liewen war net ëmmer einfach fir mech. Ech hu vill Verännerungen an Ëmbréch erlieft wéi ech jonk war. Dofir sinn ech am Ufank mësstrauesch géintiwwer Friemen. Ech brauch e bëssen Zäit fir de Leit ze vertrauen.
Awer wann ee mech a mengem eegenen Tempo virukomme léisst, mat Gedold, Bestännegkeet a vill Léift, ginn ech e wonnerbare Begleeder. Ech hunn et gär Zäit mat mengem Mënsch ze verbréngen an seng Opmierksamkeet ze kréien. Wann mäin Häerz op ass, sinn ech e ganz léiwen an treie Mupp.
Ech hunn leider eng speziell Krankheet: Ech hu Leishmaniose. Et ass eng onheelbar Krankheet, déi awer relativ stabiliséiert as duerch Medikamenter, déi ech fir de Rescht vu mengem Liewen huele muss. Ech brauch doduerch och eng speziell Ernärung.
Fir glécklech ze sinn, sichen ech eng Famill ouni Kanner, an enger roueger Ëmgéigend wou ech mech sécher fille kann. Als Hiertenhond wëll ech mäin Terrain bewachen a schützen. Et läit a menger Natur, an et mécht mech houfreg, eng Missioun ze hunn.
Wat ech virun allem sichen, ass eng Famill, déi mech versteet, meng Vergaangenheet respektéiert a mir endlech déi Stabilitéit bitt, déi ech brauch. Am Géigenzuch ginn ech Iech mäi Vertrauen, meng Loyalitéit an all d'Léift, déi ech ze bidden hunn.
Ech waarden op déi Famill, déi iwwer meng Vergaangenheet a meng Krankheet ewech kuckt, fir den Hond ze gesinn, deen ech wierklech sinn
„Meine Glückssträhne hat leider nicht angehalten... Vor etwa einem Jahr wurde ich nach langem Warten adoptiert und ein Leben außerhalb des Tierheims hatte sich mir eröffnet. Vor einiger Zeit ist mein Besitzer aber leider erkrankt und so konnte er sich nicht mehr ausreichend um mich kümmern, weswegen ich nun wieder im Tierheim bin. Im letzten Jahr habe ich mich allerdings – trotz veränderter Lebensumstände – von meinem Gemüt und Verhalten her nicht viel verändert. Ich bin immer noch nicht der einfachste Hund (ich verteidige meine Ressourcen, sei es Nahrung oder mein Mensch, und dies auch mit meinen Zähnen!). So bin ich also auf der Suche nach einer Familie ohne Kinder, die bereit ist auf eine faire Art mit mir zu trainieren. Mit anderen Hunden komme ich je nach Sympathie klar. Katzen mag ich leider nicht. “
"Malheureusement, mon coup de chance n'a pas duré. .... Il y a environ un an, j'ai été adopté après une longue attente et une vie en dehors du refuge s'est ouverte à moi. Mais il y a quelque temps, mon propriétaire est malheureusement tombé malade et il ne pouvait plus s'occuper suffisamment de moi, c'est pourquoi je suis maintenant de retour au refuge. Au cours de l'année écoulée, je n'ai pas beaucoup changé dans mon esprit et dans mon comportement, malgré le changement de circonstances. Je ne suis toujours pas le chien le plus facile (je défends mes ressources, que ce soit la nourriture ou mon humain, et ce même avec mes dents !) Je cherche donc une famille sans enfants qui soit prête à s'entraîner avec moi de manière positive. Je m'entends bien avec d'autres chiens selon la sympathie. Malheureusement, je n'aime pas les chats."
Photo: Luisa Maria Stagno