Zara réservé
Chienne, Chihuahua Shih Tzumix, 2 mois

Lo si mir mol zu zwee hei agezunn an der Hoffnung dat jidderee vun ons schnell säin Doheem fënnt.

Mir sinn zwee lëschteg kleng Muppekanner, déi Liewen nach virun sech hunn. Mir wëllen alles Neits an eisem neien Doheem kenneléieren. Mir ginn och gäre mat iech an eng Muppeschoul wou mir op eng Fär a léif Aart a Weis gewise kréie wei en sech behëlt.

Mir si keng Spillsaach an och kee liewegen Teddy fir Kanner !! Och wann mir nach jonk sinn a kleng bleiwen, wëlle mir vun deene Klengen an och deene Groussen als ganz normal Muppe gesi ginn an och esou behandelt ginn.

Mieze kenne mir net, mee alles léist sech leieren.

Zorro
Chien, Chihuahua Shih Tzumix, 2 mois

Lo si mir mol zu zwee hei agezunn an der Hoffnung dat jidderee vun ons schnell säin Doheem fënnt.

Mir sinn zwee lëschteg kleng Muppekanner, déi Liewen nach virun sech hunn. Mir wëllen alles Neits an eisem neien Doheem kenneléieren. Mir ginn och gäre mat iech an eng Muppeschoul wou mir op eng Fär a léif Aart a Weis gewise kréie wei en sech behëlt.

Mir si keng Spillsaach an och kee liewegen Teddy fir Kanner !! Och wann mir nach jonk sinn a kleng bleiwen, wëlle mir vun deene Klengen an och deene Groussen als ganz normal Muppe gesi ginn an och esou behandelt ginn.

Mieze kenne mir net, mee alles léist sech leieren.

Lucky
Chien, Bichon, 7 ans et 10 mois

Mäin Numm, Lucky, ass a leschter Zäit net Programm. Ech sinn en onkomplizéierte Gesell a versti mech mat mengen neie Kollegen hei am Asyl ganz gutt, ech schmusen a spillen nach gären. Mat Kanner kann ech näischt ufänken, ech ginn hinnen aus de Féiss.

An Kazenhaus war ech nach net op Besuch esou dass et nach net eraus ass op ech mech mat Kaze verdroen.

Caractère: Gentil
Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Compatibilité avec des chats: Nach net getest
Compatibilité avec les enfants: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Tatouage: Chip
Lord, op Prouf fort
Chien, Mix, 2 ans

Obwuel mäin Start an‘t Liewen net dee Beschte war, sinn ech awer en léiwe Mupp bliwwen. Ech sinn eng kleng lëschteg Mëschung vun 2 Joer a well elo alles nohuele wat ech bis elo verpasst hunn.

Doduerch, dass ech net vill kennegeléiert hunn a kee mir vernënfteg erkläert huet wéi sou en Zesummeliewe mat Mënsche funktionéiert, sinn ech nach net ganz propper. Ech géif mech op eng Famill freeën déi vill Zäit vir mech huet a mech vergiesse léist wat ech erlieft hunn.

Kanner a Kazen däerfe gären a mengem neien doheem sinn. Trotzdeem soll ee bedenken dass ech nach jonk a stiermesch sinn.

Caractère: Très gentil
Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Compatibilité avec des chats: Jo
Tatouage: Chip
Roxy
Chienne, Labi Mix, 10 mois

Esou voller Energie dass ech munchmol net weess wouhi mat mir selwer, domat ware meng Léit iwwerfuerdert.

Ech sinn en verspillt an äerdegt Teenie Labi-Mix Meedchen, vun 10 Méint an total virwëtzeg op Liewen. E bësschen Erzéiung wär net schlecht, awer op eng léif an duuss Aart a Weis. Alles wat hektesch ass wie Jäizen oder Ball spillen, dréint mech op an da sprangen ech un iech a rappen un de Kleeder.

En Muppenkolleg däerf gären a mengem neien Doheem sinn.

Kanner a Kaze kennen ech, mee duerch meng Gréisst a meng Kraaft sinn si net ëmmer begeeschtert vu mir.

Caractère: Gentil et joueur
Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Tatouage: Chip
Chippie
Chienne, Epagneul Breton, 7 ans et 9 mois
Ech sinn eng Epagneul Breton Madamm vun 8 Joer an hat et bis elo a mengem Liewen net schlecht. Dat gesäit een och un mengem Gewiicht. Ech muss e bësschen ofhuelen, dat duerch Beweegung déi ech a leschter Zäit vermësst hunn, kee Problem däerft sinn.
Ech war gewinnt vill Stonnen eleng ze sinn, dat soll awer elo net méi sinn. Mech kann ee mat allem frou maache, wann ech nëmme bei menge Léit sinn.
Ech sinn als Juegdhond op Welt komm an hunn meng Nues dauernd um Buedem, dofir kann ee mech op mannst mol am Ufank net vun der Léngt loossen. Mat Kazen an aneren Deiere kann ech näischt ufänken.
Mat anere Muppe verstinn ech mech gutt.
Ech kenne Kanner a loosse mir vun hinne vill gefalen, trotzdeem sinn ech awer frou wann ech deen néidege Respekt entgéint bruecht kréinen.
Caractère: Gentil
Compatibilité avec d'autres chats: Nee
Compatibilité avec des chiens: Jo
Compatibilité avec les enfants: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Tatouage: Chip
Daisy
Chienne, Malinois Mix, 10 ans et 10 mois
Do sinn ech erëm, méin Gléck war leider net vun laanger Dauer.
Nodeem méin Mënsch gestuerwen ass, sinn ech erëm adoptéiert ginn. Si huet mech verstane mat menger Angscht virun friemen Leit an huet mirZéit ginn fir mech mat mengen Muppenkollegen déi schonn am Haus gelieft hunn unzefrënnen.
Hunn ech fréier aus Angscht gebass, sinn ech haut mengem Alter entspriechend vill méi roueg an kommen no enger Zéit an mat e bësschen Gedold vum selwen schmusen.
Ech hunn et gären e bësschen méi gemittlech, Kanner an Muppenkolegen mussen et an mengem neien doheem net ginn.
Caractère: Gentil
Compatibilité avec d'autres chiens: Ok +-
Compatibilité avec des chats: Non
Compatibilité avec les enfants: Non
Tatouage: Chip
James
Chien, BEAGLE, 5 ans et 2 mois

Do hat wuel een ënnerschätzt wéi vill Zäit ee fir en Mupp wéi mech brauch. Ech sinn en Beagle/Braque-mix vu 5 Joer mat vill Energie.

Ech wënsche mir aktiv Mënschen, déi vill Zäit fir mech hunn, a mat mir net nëmme grouss Tier trëppele ginn, mee och méi Kapp schaffen dinn.

Nuesenaarbecht, Maintrailing oder ähnlech Aktivitéite géinge mech Aartgerecht auslaaschten. Well a menge Genen ass en richtege Jeeër, esou dass ee mech och net vun der Léngt ka loossen. Et kann een dat awer an déi richteg Richtung leeden duerch en Training fir deen ech allzäit op sinn.

Mat engem Muppemeedche géif ech mech ganz sécher verdroen. Muppejonge sichen ech mir no Sympathie aus. Dobaussen hunn ech se léiwer op Distanz.

Kanner kennen ech, ech well awer mat Respekt behandelt ginn. Duerch mäin freedegt Temperament sinn ech relativ stiermesch, esou dass ech kleng Kanner mol ëmrenne kann.

Kleng Déieren a Kaze sollten net a mengem neien Doheem sinn.

 

Caractère: Très gentil et actif
Compatibilité avec d'autres chiens: +- OK
Compatibilité avec des chats: Nee
Compatibilité avec les enfants: Wann si respektvoll mam Mupp ëmginn
Tatouage: CHIP
Luna
Chienne, croisement Podengo taille petite à moyenne, 6 ans et 9 mois

Keen weess wat ech erlieft hunn, wahrscheinlech net vill Guddes. Ech sinn Luna vu bal 7 Joer an total onsécher, doduerch hunn ech e puer Schéinheetsfeeler mat deenen ee muss ëmgoe kënnen.

Ech brauch am Beschten nëmmen een eenzele Mënsch. Dat heescht ech sichen en Doheem wou idealerweis eng Persoun eleng lieft an déi ech ganz fir mech eleng hunn. Ech beschützen si mat grommelen an Zänn weisen, genau esou wei mäin Fudder, dat kéint jo ee mir ewechhuelen. Schong oder Féiss si mir suspekt, virun allem wann ee mat hinne fest optrëppelt oder widder eppes kënnt wat da Kaméidi mëscht.

Grouss Spadséiergäng wäre fir mech ideal, mee awer un der Léngt, wat ech ganz gär a brav maachen.

Kazen an aner kleng Déieren, déi sinn a mengen Aen do fir ze joen, do kennt da mäin Podenco Ierwen eraus an ech flitzen allem no.

En anere Muppenfrënd(in) kann awer gär a mengem neien Doheem sinn.

Caractère: gentil et actif, mais tendance à défendre ses "ressources"
Compatibilité avec d'autres chiens: +-ok mat Muppen dei dem Luna sympatesch sinn
Compatibilité avec des chats: Nee
Tatouage: CHIP
Luki
Chien, croisement terrier petite taille, 13 ans et 2 mois
Ech sinn net méi ganz jonk, 13 Joer hunn ech schonn um Bockel, sinn awer nach ëmmer top fit. Ech lafen hei mat deene groussen a klenge Kollegen a ginn all Streit aus de Féiss.
Direkt upaken a geheemelt ginn ass net esou meng Saach. Och op den Aarm huelen, hunn ech am Ufank net gär, dofir sinn ech nach bei menge Léit aus dem Asyl. Un sech sinn ech ganz einfach, just bëssi ängschtlech eben.
Ech géif mech freeën en Doheem ze kréien, wou et scho méi roueg ass. Géint en Muppenfrënd(in) hätt ech näischt. Mat Kaze muss ee kucken.
Caractère: Gentil et actif
Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Compatibilité avec des chats: Nach net getest
Compatibilité avec les enfants: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Tatouage: CHIP