Suba
Ritt, LabradorXWeimaraner, 5 Joer et 5 Méint

E grousse Baby, sou soen se ëmmer zu mir. Mee ech sinn alles anescht wei en Baby mat mengen 30 Kilo. Meng schlecht Haltung an der Jugend hunn kierperlech wei och séileg Spuren hannerlooss.

Nodeems déi kierperlech duerch e puer Operatiounen zum gréissten Deel behuewe sinn, wäert ech awer un deenen aneren e Liewe laang ze knabbelen hunn. An Tëschenzäit hunn ech duerch positiv Verstäerkung scho vill geleiert mee ech brauch nach Übung a muppenerfuere Leit.

Kanner sollten net a mengem neien Doheem sinn.

 

On me considère ici comme un bon gros bébé. Mais avec mes 30kg, je suis loin d’être un bébé  ! 
Quand j’étais petit, mes anciens propriétaires n’ont pas pris soin de moi. Cela a, bien sûr, laissé des traces aussi bien physiques que psychiques. 
Heureusement, plusieurs opérations sont parvenues à corriger mes handicaps physiques... pour les blessures morales, il faudra que j’apprenne à vivre avec. 
Heureusement, j’ai déjà beaucoup appris ici et je vais mieux. J’aurais encore besoin d’un peu d’entraînement et de maîtres qui ont suffisamment d’expériences et de patience avec les chiens. 
Il vaut mieux qu’il n’y ait pas d’enfants dans mon nouveau foyer.
Charakter: Gentil
Verhalen: a besoin de présence humaine,d'attention et d'espace
Versteet sech mat aneren Honn: ok +- pour chiens paisibles, mais limites
Versteet sech mat Kazen: NON
Versteet sech mat Kanner: ok pour adolescents
Liewen an der Famill: famille active, patiente et expérimentée
Identifikatioun: CHIP
Miro
Ritt, XPodenco , 10 Joer et 1 Méint

Awanderer sicht neit Doheem, aus Spunien an net frou mat der Keelt, sinn ech nach ëmmer op der Sich no engem Mënsch, dee mat mir eng Couch well deelen. Ech sinn en Podencobouf a kennen dat Wieder hei schonn 8 Joer.

Duerch an duerch Juegdhond, fänken ech iech alles wat mir virun Nues kennt, esou huet schonn esou muncher Villchen a Kaweechelche schlecht Erfarung mat mir gemaach. Esou dass dir iech denke kënnt, dass ech mat Kazen an anere klengen Déieren och esou géif ëmgoen. Dat heescht awer och dass ee mech net vun der Lenkt ka loossen.

Ech kennen och soss net vill vun der Welt, awer ech si bereet et mat iech an duerch iech ze leieren. Ech hunn nach ni engem Zweebeener eppes zuleeds gedoen, Kanner kennen ech net well ech hei am Asyl opgewuess sinn.

Ech hunn hei am Asyl ee Muppenfrënd an eng Muppenfrëndin, dat sinn awer déi eenzeg mat deenen ech frou sinn. All déi aner hunn ech bis elo mat menge Frënn verdriwwen. Wann ech eleng si kann een awer villäicht mol mat engem anere Mupp probéieren.

 

Immigré cherche nouveau toit. Venu d’Espagne et détestant ce climat froid, je suis toujours à la recherche d’un canapé douillet et chaud à partager. Je suis un Podenco mâle et cela fait maintenant 8 ans que je dois supporter ce triste temps. En raison de mon âme de chasseur, j’ai déjà fait quelques « victimes » (oiseaux, rongeurs…). Du coup, tous les chats et autres petits animaux pourraient devenir des proies potentielles pour moi. Et pour éviter toute surprise, la laisse est obligatoire.

 

Le monde m’est encore inconnu, mais je peux apprendre avec et grâce à vous. Je n’ai jamais fait de mal aux êtres à deux pattes, mais je n’ai jamais eu affaire à des enfants, vu que j’ai passé ma vie à l’asile. Ici, j’ai deux amis à quatre pattes, mais ce sont les seuls que je supporte et ensemble nous aimons embêter les autres. Mais qui sait… peut-être qu’une fois seul, je tolèrerais la présence d’un autre chien. A voir.

 

Charakter: Gentil
Versteet sech mat aneren Honn: +- OK
Versteet sech mat Kazen: Nee
Identifikatioun: CHIP
George
Ritt, Mischling, 6 Joer et 6 Méint

Haiser sinn mir ëmmer nach net geheier, dofir halen ech mech net vill dobannen op. Mee trotzdem soll ech en neit Doheem kréien wou ech mat mengem Mënsch am Haus liewen. Ech sinn nach ganz ängschtlech an zréckhalend awer en ganz doucen, ech kommen gären schmusen. Soubal et  awer haart gëtt duerch Kaméidi oder ze haart schwätzen, zéien ech mech direkt zréck. Mat mir kann een wonnerbar spazéieren goen, ech kucken zwar dauernd op näischt rondrëm ass wat mech erschrecken kann. Mat Kanner ginn ech och eens, si däerfen just net ze stiermesch sinn. Miezen kennen ech och.

Charakter: Timide au début
Versteet sech mat aneren Honn: jo
Versteet sech mat Kazen: Jo
Versteet sech mat Kanner: Jo
Identifikatioun: Chip
Morphi
Ritt, XPodenco , 10 Joer et 1 Méint

Als Baby a Spunie fonnt ginn, iwwer eng Organisatioun hei a Lëtzebuerg vermëttelt a just fir e puer Deeg am Asyl geparkt, sinn aus e puer Deeg Jore ginn.

Ech hunn nach net vill vun der Welt gesinn a sinn dofir onsécher an ängschtlech. Mat mir muss een sech ufrënnen, also net einfach kommen a spadséiere goen, mee mol e bësschen Zäit mat mir verbrénge bis ech keng Angscht méi virun dir hunn. Dann kommen ech awer gär an huele meng Schmuseenheeten of. Ech wäichen éischter zréck wei dass ech mech wieren, dofir brauch een e bëssche méi Gedold mat mir.

Als Podenco geziicht, sinn ech e Jeeër a liewen dat och dobaussen aus, wann ech kann. Mech däerf een also net frei lafe loossen, soss maachen ech dat fir dat ech geziicht gi sinn.

Ausser mat mengem Kolleg Miro a menger Frëndin Dora ginn ech net mat anere Muppen eens. Mat enger Muppenkollegin kann ee mol probéieren.

Un verstänneg Kanner géif ech mech bestëmmt gewinnen.

Mat Kaze kann ech net zesumme liewen, déi hunn ech "fir ze friessen" gär.

Ah jo, dat hat ech bal vergiess. Ech hunn nëmme méi een An well ech virun enger Zäit en Tumor dran hat, deen een huet missen eraushuelen. Et ass e klenge Schéinheetsfeeler dee mech awer net steiert, an ech sinn och erëm ganz gesond, esou dass ech nach vill Jore Couch mat iech deele kann.

Trouvé en Espagne, alors que je n’étais encore qu’un petit chiot, une organisation espagnole m’avait trouvé des parents adoptifs au Luxembourg, j’ai donc été amené ici à Dudelange en attendant que mes nouveaux maîtres viennent me récupérer. Cela n’aurait dû durer que quelques jours… et les jours sont devenus des années. Ils ne sont jamais venus.

 

Je n’ai pas vu grand-chose dans ma vie. Je suis donc peu sûr de moi et méfiant. Avec moi, c’est donc un travail de longue haleine et ce  n’est pas facile de me promener en laisse. Il faut d’abord prendre le temps de m’apprivoiser, gagner ma confiance pour faire disparaître la peur. Une fois cette étape franchie, je viens réclamer des câlins avec plaisir. Je suis fuyant, pas agressif. Il faut donc être très patient avec moi.

 

En tant que Podenco, je suis un chasseur dans l’âme. Il ne faut donc pas me laisser courir sans laisse, sinon ma nature revient au galop et je courre après tout ce qui bouge. Je pourrais bien m’habituer à des enfants calmes et traitant les animaux avec respect. Je ne peux pas vivre avec un chat, parce que je pourrais en faire mon 4 heures… Seule la compagnie de Miro et Dora me convient, sinon je préfère être seul.

 

Ah oui, j’oubliais. Mon côté pirate, je le dois à une tumeur qui a dû être enlevée, il y a quelque temps. L’absence d’un œil ne me dérange absolument pas et ma santé est aujourd’hui parfaite. Je pourrais donc encore longtemps partager votre canapé.

 

 

Charakter: Timide au début
Versteet sech mat Kazen: Nee
Identifikatioun: CHIP
Plato
Ritt, CDR Weimaraner , 7 Joer et 6 Méint

Wann ech mat dir duerch eng Dier well kommen, ass et ganz schwéier mech dovun ofzehalen. Ech sinn a jonke Jore wahrscheinlech mat veraalte Methoden (mat Schmäerz) erzu ginn, dat weisen ech doduerch dass ech mech net méi um Hals(band) upake loossen an och soss ganz mësstrauesch sinn.

Méin Frupse loossen ech mir net ewechhuelen, a weisen dat och ganz däitlech duerch grommelen oder schnapen.

Wann ech iech awer kennen, kommen ech gäre schmusen a ginn och gäre mat iech op den Tour. Ech gi gutt un der Léngt an zeien net. Alles wat bei mir Vertrauen opbaut oder Training mat positiver Verstäerkung, gëtt vu mir gutt ugeholl.

Géint en Muppenfrënd(in) hunn ech näischt.

Kanner a Kaze sollten awer net a mengem neien doheem sinn.

 

Je suis un vrai fugitif : si je veux passer une porte avec vous, difficile de m’en empêcher… Lorsque j’étais plus jeune, on a dû m’éduquer à la dure. C’est sûrement pour cela qu’on ne peut pas me caresser le cou et la nuque.

J’ai, en plus, un caractère assez méfiant. Interdiction de m’enlever mon doudou… je grogne et montre les dents. Mais une fois que je vous connais, je viens facilement réclamer des câlins et j’aime être promené même en laisse, d’ailleurs je ne tire pas.

Je m’entends avec tous les chiens, mais je ne voudrais pas de chats ou d’enfants dans mon nouveau foyer.

Charakter: Gentil et actif
Versteet sech mat aneren Honn: ok +-
Versteet sech mat Kazen: Nee
Versteet sech mat Kanner: Nee
Identifikatioun: CHIP
Pluto
Ritt, CDR Weimaraner , 7 Joer et 6 Méint

Keng Dier ass virun mir sécher, ech kréien se all op. Mat vill Käppchen, awer ngativ Erfarungen, déi ech am Laf vu mengem Liewe gesammelt hunn, sinn ech net ganz einfach.

Ech sinn e ganz aktive Mupp dee gäre beschäftegt a spadséiere geet.

Duerch schlecht Erzéiung a menger Jugend loossen ech mir net méi alles gefalen, a kann dat och mol mat mengen Zënn weisen. Hei hunn ech duerch positiv Verstäerkung geleiert den Mënschen erëm e bësschen ze vertrauen, trotzdeem sinn ech nach virsiichteg. Meng Erzéiung sollt op positiver Basis weidergefouert ginn, well déi al Methode mat rappen, jäizen oder Picken- an Elektrohalsband quittéieren ech mat Bäissen.

Ech sinn näischt fir bei Kanner, och Kazen an aner Deieren, sollten net a mengem neien Doheem sinn.

 

Avec moi, aucun animal n’est à l’abri, je les chasse tous. Très intelligent, j’ai pourtant fait beaucoup de mauvaises expériences et je ne suis, donc, pas un chien facile. Je suis très actif et aime être occupé et promené.

En raison d’une mauvaise éducation, je ne me laisse plus marcher sur les pattes et peux parfois montrer les crocs. Heureusement grâce à l’encadrement positif du personnel de l’asile, j’ai appris à reprendre confiance en l’être humain, mais reste encore méfiant.

Mon éducation doit continuer sur cette base positive, car la méthode « à l’ancienne » (tirer la laisse, crier ou les colliers électriques…) me pousse à mordre. Je ne suis pas fait pour vivre entouré d’enfants ou d’autres animaux. Par contre, je pourrais bien m’entendre avec une chienne.

Géint eng Muppenfrëndin hätt ech awer bestëmmt näischt.

Charakter: Gentil et actif
Versteet sech mat aneren Honn: ok+-
Versteet sech mat Kazen: Nee
Identifikatioun: CHIP