D'Joer 2025 am Réckbléck

14/01/2026

Léif Donateuren a léif Déierefrënn,

Mir soen Iech Merci fir déi generéis Spenden, déi Dir eis am Joer 2025 gemaach hutt. Är Hëllef mécht et méiglech, datt eis Associatioun den Déieren hëllefe kann.

De Projet vum Neibau hëlt ëmmer méi konkret Formen un. An de leschte Méint si wichteg Etappen erreecht ginn. An dësem Kader hu mir och e wichtege Schrëtt gemaach: d’Aféierung vun eisem neie Logo. En ass an Zesummenaarbecht mat Moskito S.A. entstan. Hinnen – an allen, déi mat hire gudden Iddien zur Entwécklung bäigedroen hunn – soe mir e grousse Merci!

Allerdéngs ass et leider net esou komm, wéi ursprénglech erhofft, datt mer 2025 konnten eraplënneren. Dofir rechne mir elo domat, datt den eigentleche Plënnerdatum éischter am Fréijoer 2026 wäert sinn.

Wéinst dem Neibau konnte mir och 2025 keng Fester am Asyl organiséieren. Dofir ware mir, wéi schonn d’Joer firdrun, mat engem Stand um Lënster Maart vertrueden.

Zesumme mat der Diddelenger Gemeng hu mir och 2025 e Muppeschwammen an der oppener Schwämm zu Diddeleng organiséiert.

Natierlech koum et och 2025 zu Projete mat Schoulklassen, ënner anerem huet d’Crèche Rockids Akademy vun Diddeleng eis mat hire Biller fir de Kalenner ënnerstëtzt. Och fir aner Organisatioune konnte mir rëm Visitte vum Asyl organiséieren.

Bei den Adoptioune gouf et 2025 vill schéi Momenter. Vill vun eise Kazen hunn eng nei Famill fonnt. Bei den Hënn gouf d‘Leia no dräi Joer am Asyl adoptéiert.

Leider gouf et awer och ee méi schwéiere Moment: Mir hunn eis vum Suba misse verabschiden. Hie war laang Deel vun eiser Déierefamill a wäert fir ëmmer eng speziell Plaz an eisen Häerzer hunn.

Insgesamt goufen am leschte Joer 191 Déieren nei am Asyl opgeholl an 182 vermëttelt.

Hei drënner fannt Dir all Informatiounen, fir Är „Carte Membre Donateur 2026“ unzefroen oder ze erneieren.

 

Mir wënschen Iech alles Guddes fir 2026!

Merci fir Är Ënnerstëtzung a bescht Gréiss,

 

D’Ekipp vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng

--------------------------------------------------------------------------

Carte Membre Donateur

Wann Dir den Déierenasyl Diddeleng wëllt weider ënnerstëtzen a „Membre Donateur“ ginn, kënnt Dir dëst einfach per Iwwerweisung op eise Compte Courant vun der Post maachen mam Vermierk „Don Carte Membre 2026“.

LU52 1111 0026 3011 0000    CCPLLULL

Société pour la Protection des Animaux Dudelange ASBL

 

 

Mir soen Iech Merci fir Är Hëllef.