"Tierheimwünsche werden wieder wahr im Fressnapf Howald"
Bis den 24.12. leeft et Chrëschtdagsaktioun am FRESSNAPF um Houwald zu Gonschte vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng.
Um Wonschchrëschtbeemchen hänken vill kleng Karten mat flotten Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen.
Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déieren maache wëllt, an déi dann och direkt am Fressnapf kafen an ënnert de Beemche leen. Esou sidd der sécher dass Är Spend och definitiv fir eis 4beeneg Schützlinge gebraucht gëtt.
Am Numm vun onse Muppen a Kazen soe mir Ierch lo scho villmools MERCI