E klengt Chrëschtdagswonner

24/12/2021

Dir wäert et kaum gleewen, awer nee, dës Kéier mellen ech mech net aus dem Asyl… Ech melle mech aus mengem eegenen Doheem ! Jo, Dir hutt richteg gelies! Ech, d’Skippy, sinn elo no iwwer 10 Joer am Asyl am Alter vu stolzen 13 Joer adoptéiert ginn an hunn dierfte kuerz virum 2. Advent a mäi neit Doheem eraplënneren. Dëst war natierlech fir jiddereen immens opreegend… Fir mech,

awer och fir d’Zweebeener aus dem Asyl, déi et no sou laanger Zäit wierklech net einfach haten, fir mech goen ze loossen. Do hunn ech mir natierlech extra vill Méi ginn fir hinnen ze weisen, dass et mir hei a mengem neien Doheem och richteg gutt geet. Meng nei Besëtzer schécken dofir och reegelméisseg Fotoe vu mir un d’Zweebeener aus dem Asyl. 

Ech wënschen Iech all schéin Chrëschtdeeg an alles Gutts fir d'Joër 2022.