Fressnapf - Chrëschtaktioun

29/11/2021

Tierheimwünsche werden wahr im Fressnapf Howald

Och dëst Joer ënnerstëtzt de FRESSNAPF vum Howald mat hirer Chrëschtdagsaktioun de Regionalen Déierenasyl Diddeleng. Um Wonschchrëschtbeemchen, am Agang vum Buttik, hänke lauter kleng Käertercher mat ville flotte Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen. Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déiere maache wëllt an déi dann och direkt am Fressnapf kafen an ënnert de Beemche leeën. Esou sidd Dir sécher, dass Är Spend och definitiv fir eis 4beeneg Schützlinge gebraucht gëtt. 

 

Am Numm vun onse Muppen a Kaze soe mir Iech elo schonns e grousse MERCI!