Léiwe Miro

10/07/2021

Léiwen Miro,
Elo hu mir dir och missen Äddi soen. Nodeems deng Muppekolleegen Morphy an Dora eis déi lescht Méint och hunn missen verloossen, ass dann och elo deng Zäit komm. Et ass immens schnell gang, mir sinn frou dass de net all ze laang dech hues missen quälen mat sëllegen Medikamenter. Och bei dir huet de Kriibs leider de Kampf gewonnen. An deenen leschten Méint bass du reegelméisseg vum Lena an d’Physiotherapie op Schëtter begleet ginn. Dëst war net nëmmen gutt fir däi Muskelopbau ze stabiliséieren mee dat huet denger Moral och gutt gedoen. Du hues dësen Ausfluch richteg genoss, et war emol eppes aneschtes wéi ëmmer dee selwechten Alldag am Asyl. Miro mir soen dir merci fir déi vill schéi Joren déis de mat eis am Asyl verbruecht hues. Leider has du, genee wéi deng Kollegen Dora a Morphy, ni d’Chance e Liewen an enger Famill kennenzeléieren. Mir mengen awer dass de trotzdeem eng schéin Zäit bei eis has. Gréiss eis Dora an de Morphy a maach et gutt. Déi ganz Equipe aus dem Diddelénger Déierenasyl wäert iech 3 ni vergiessen.
Run free Miro