D'Déierenasile mol méi genee ennert d'Loupe geholl

21/05/2019

Den 6. an de 7. Mee huet sech d'CDI Kohabitatiounsklass aus dem Lënster Lycée d'Déierenasile mol méi genee ennert d'Loupe geholl.

Während dësen zwee Deeg kruten d'Schüler an d'Educatricen genee Erklärungen wéi eng Muppen a Katzen am Déierenasile liewen a wisou si hiert Doheem hu missen verloossen. 

Si kruten awer och erklärt wéi den Alldag vun engem Déierenpfleger ausgesait a wéi wichteg et ass d'Kierpersproch vum Hond richteg deiten ze kennen.

Vue dass och nach e puer kleng Arbechten vum Freijoersfest ustoungen, hunn d'Schüler och hei nach eng Hand mat ugepack.