E ganz besonnesche Grond

25/07/2018

Gudde Mëtteg,

Ech sinn et, d’Laika.

Ech schreiwen Iech haut aus engem ganz besonnesche Grond. An zwar sinn ech no ganzen 10 Joer, déi ech zesumme mat menge Muppefrënn am Asile verbruecht hunn, elo aus dem Asile eraus an eran a mäi neit, definitivt Doheem geplënnert! Ech schwätze fir jiddereen (meng Muppefrënn, souwéi och meng zweebeeneg Frënn aus dem Asile), wann ech soen, dass et kengem wierklech einfach gefall ass, mech goen ze loossen.

D’Zweebeener aus dem Asile hu wierklech hiert Bescht gemaach a fir mech ee wonnerschéint Doheem fonnt.

Dir wësst jo sécher, dass ech mat mengen 13 Joer net méi dat Jéngst sinn… Och deem ass a mengem neien Doheem wonnerbar Rechnung gedroe ginn: Ech deele mir mäi neit Doheem nämlech mat e puer aneren älere Muppendammen a Muppenhären. Zesumme loosse mir eis et hei richteg gutt goen. Mir profitéiere vun eisem schéine Gaart (an deem ech esouguer schonn dee schéine Weiher ausprobéiert hunn an eng Ronn schwamme war!) a liewen ee gemitterlecht Liewen, ganz ouni Stress. Besser hätt ech wierklech net kënne falen… Natierlech vermëssen ech heinsdo nach meng al Muppefrënn aus dem Asile a meng Schwëster d’Dora, allerdéngs hunn ech mech hei direkt ganz gutt mat menge neie Muppefrënn verstanen, soudass mir den Abschied e bësse méi einfach gefall ass. Obwuel ech heinsdo wierklech nach verlaangeren, sinn ech awer ganz frou, no laangem Waarden hei geland ze sinn! An dëst wollt ech Iech natierlech net virenthalen!

Iwwert dëse Wee wollt ech Iech dofir nach eemol villmools Merci soen, dass Dir Iech esou gutt ëm mech gesuergt hutt! Leider waarden awer och nach vill aner vu mengen albekannte Muppefrënn, wéi z.B. meng Schwëster d’Dora oder och d’Luna, de Pluto an de Plato oder de Miro an de Morphi, op hiert definitivt Doheem. Ech gleewe fest dorun, dass enges Daags och eng léif Famill sech fir si interesséiert an si dann och d’Chance hunn an esou ee schéint Doheem ze plënneren, ewéi ech et elo gemaach hunn. Bis dohinn hutt Dir eventuell d’Méiglechkeet, si e bëssen mat engem Parrainage z’ënnerstëtzen. Si géifen sech bestëmmt freeën!

Am Numm vu menge Muppekolleegen, déi elo nach am Asile op hiert neit Doheem waarden, soen ech Iech schonns villmools Merci!

Ee grousse Merci och nach eemol vu mir un Iech!

 

Mat engem décke Muppekuss,

Äert Laika