Äddi Pippo

16/05/2018

Äddi Pippo ?

Säit 7 Joer waars du bei ons zu Diddeleng am Déierenasyl, elo am Alter vun 10,5 Joer hunn mir dech leider missten iwwert Reeboubreck goe loossen.

Mat denger Frëndin Skippy bass du aus enger Massenzucht 2011 ob Diddeleng komm. Dir waart zu 4, an engem desolaten Zoustand. Laang hutt dir gebraucht bis der gesondheetlech erëm eenegermoossen an der Rei waart.

Leider hu dir ni eppes kenne geléiert, weder eng Hand vun engem Mënsch, nach d'Ëmwelt. Upaken hues du dech bis zum Schluss net gelooss. Just fir en Leckerli ze kréien, bass du kuerz ob ons zoukomm.

Däin Doheem has du am Asyl zu Diddeleng fonnt. Mat dem Skippy zesummen wars du ëmmer fir mat dobäi, awer meeschtens ob sécher Distanz. Ausser wann dat Gréitchen mat de Leckerli koum, waars du mat dee schnellsten. ?

Komm gutt eriwwer ? léiwe Pippo, mir wäerten dech vermessen ?