Fressnapf-Chrëschtdagsaktioun fir d'Déierenasyler

30/12/2017

An der leschter Woch vun 2017 konnten d'Vertrieder vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng beim Fressnapf-Howald eng ganz Partie Spenden entgéinthuelen, déi d'Cliente vum Fressnapf fir déi  verloossene Muppen a Kazen kaaft haten.

Un engem "Wonschchrëschtbam" haten déi Diddelenger Déiereschützer 80 Kaarte mat  Spendewënsch fir hir 4beeneg Schützlinge opgehaang an esou konnte jidfer Déierefrënn, deen un der Aktioun deelgeholl huet, sech "seng" Spend eraussichen.

E grousse MERCI fir d'Generositéit vun alle spendabelen Déierefrënn, déi bei dëser Aktioun matgemaach hunn a selbstverständlech och un de FRESSNAPF fir déi originell Iddi zugonschte vun den Déierenasyler.