Chrëschtdag fir eis Déieren

23/12/2017

An de leschte Wochen an Deeg hunn eng Partie Déierefrënn - dorënner an Eegeninitiative Kanner a Jugendlecher   - un eis verloosse Muppen a Kaze geduecht, duerch en Don op eis Konten oder duerch Fudder a Materialspenden. Am Numm vun eise 4beenege "Flegekanner" soe mir alle Leit e grousse MERCI fir hir Generositéit.

Ganz besonnesch beréiert goufe mer vun enger Famill déi hiren 2 Kanner weise wollt, datt et am Liewe wichteg ass och un déi aner ze denken a matzeginn - an dësem Fall un d'Muppen a Kazen am Déierenasyl. 

All dës léif an motivéierend Gesten weisen eis, datt mir net eleng sinn an si ginn eis neie Courage fir eisen Engagement fir d'Déieren.