DE REGIONALEN DÉIERENASYL A SENG GESCHICHT

2018 - Nei Opdeelung vun de Chargen am Direktiounscomité
         - Ophuele vun zwielef neien Administrateuren an de Conseil vun der S.P.A.D. asbl
         - Dag vun der oppener Dir ass déi éischte Kéier den zweete Sonndeg no Ouschteren
         - Presentatioun vum Projet „Neibau“ beim MDDI a Präsenz vun der Ëmweltministech, dem
            Agrarminister, dem Diddelenger Schäfferot an der Veterinärsinspektioun
         - Mise à jour vun de Statuten mat Erweiderung vum Conseil op 35 Memberen
         - Austrëtt aus der Ligue Nationale pour la Protection des Animaux asbl
 
2017 - Ausbau vun eiser Profiequipe fir den Erausfuerderungen vum Déiereschutz gewuess ze sinn
         - Aféiere vun ugepasste Kontrakter a Formulairen fir d’Adoptioun, Abandon, Fonnt Déieren, …..
         - Modernisatioun vun den Aarbechtsmaschinnen an Upassung vun den Aarbechtsofleef
         - Administrative Suivi vum Projet „Neibau“ éischt Kontakter mam Architektebüro
 
2016 - Aus dem Diddelenger Asyl gëtt de Regionalen Déierenasyl Diddeleng
         - No engem Abroch, Abau vun enger Alarmanlag am Asyl a Sécherung vun ufällege Plazen
         - Formatiounen fir d’Equipe a fir de „grand publique“
         - Amenagement vun engem Second-Hand Shop um éischte Stack am Asyl
         - Lancement vum Projet „Neibau“ mat der Presentatioun am Diddelenger Schäfferot 
         - Asetzen vum Direktiounscomité an aner Statutenännerungen
 
2015 - Ufank vun der Reorganisatioun vun den Aarbechtsofleef am Asyl
         - Ufank vun der „Informatisatioun“ vum administrative Volet am Asyl
         - Ausschaffe vun engem der Zäit ugepassten Logo vum Asyl an der Ëffentlechkeet
         - Aféieren vum internen Uerdnungs Reglement
 
2014 - Reamenagement vum Lagerraum fir d’Fudder an d’Litière
         - Ersetze vu verschidden Elementer vum Grillage fir méi Sécherheet an den Ausleef
         - Montage vum Siichtschutz um bausse Grillage vum Asyl
 
2013 - Nei Opdeelung vun de groussen Ausleef vun den Honn
         - Abau vun elektronesche Schlässer un d’baussen Dieren
         - Konstruktioun vun engem Iwwerdaach iwwert d’baussen Dier am Grillage vum Asyl
         - Ubréngen vun enger Beliichtung iwwert den Ausleef virun den "Zëmmeren" vun eisen Honn
 
2006 - 2008 - „Opbau“ vum éischte Stack mat Zëmmeren fir eis Kaze Puppelcher
 
2000 - 2002 - Renovatioun vun de "Wunnraim" vun den Déieren
 
1997 - Lee vun Dallen an deelweis Iwwerdaachen vun den Ausleef bei den Honn virun hiren "Zëmmeren"
 
1996 - Neien Zonk fir d’Ausleef vun den Honn, Sanéierung vun den Häff, zweet "oppent"
            Zëmmer (baussen) fir eis Kazen
 
1995 - Abau vun enger neier Heizung
 
1994 - Verschidde Renovatiounen, Kichen, Wäschkichen
 
1993 - Drëtten Ubau, Quarantaine fir Kazen
 
1992 - Zweeten Ubau, Garage, Plättercher, éischt "oppent" Zëmmer (baussen) fir eis Kazen
 
1989 - Éischten Ubau un d’Gebai, et ginn zwee grouss Ausleef fir eis Muppen
 
1985 - Ëmännerung vum Diddelenger Déiereschutz an
            d’Société pour la Protection des Animaux Dudelange asbl den 13. Juni
 
1980 - 1981 - Bau vum éischte Gebai an domadder d‘„Grënnung“ vum Diddelenger Déierenasyl
 
1975 - Den Diddelenger Déiereschutz gëtt als „einfache Veräin“ gegrënnt