Fressnapf-Chrëschtdagsaktioun fir d'Déierenasyler
30/12/2017
An der leschter Woch vun 2017 konnten d'Vertrieder vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng beim Fressnapf-Howald eng ganz Partie Spenden entgéinthuelen, déi d'Cliente vum Fressnapf fir déi  verloossene Muppen a Kazen kaaft haten. Un engem "Wonschchrëschtbam" haten déi Diddelenger Déiereschützer 80 Kaarte mat  Spendewënsch fir hir 4beeneg Schützlinge opgehaang an esou konnte jidfer...
Chrëschtdag fir eis Déieren
23/12/2017
An de leschte Wochen an Deeg hunn eng Partie Déierefrënn - dorënner an Eegeninitiative Kanner a Jugendlecher   - un eis verloosse Muppen a Kaze geduecht, duerch en Don op eis Konten oder duerch Fudder a Materialspenden. Am Numm vun eise 4beenege "Flegekanner" soe mir alle Leit e grousse MERCI fir hir Generositéit. Ganz besonnesch beréiert goufe mer vun enger Famill déi hiren 2 Kanner weise wollt, datt et am Liewe wichteg ass och un...
Visite pour FARAH
21/12/2017
Florian BOULNOIS et son équipe de Elios-IT viennent de renouveler  leur parrainage annuel  pour la chatte FARAH et ont profité de cette occasion pour visiter l'asile et rencontrer leur "protégée" qui était visiblement touchée par ce beau geste généreux.
En Don fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng vun der T3CM1 aus dem LNB
15/12/2017
Kierzlech hunn eng Grupp Schüler aus dem LNB zesumme mat hirem Régent  dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng en Don iwwerreecht. An engem Klasseprojet  haten déi jonk Leit mat vill Engagement e "Fundraising" organiséiert an déi gesammelt Spenden goufen op  verschidden Organisatiounen verdeelt. D'Equipe aus dem Regionalen Déierenasyl an hir 4beeneg Frënn soe villmools MERCI  fir dee generéise Geste.
Eisen Déierekalenner fir 2018 ass do!
10/12/2017
D'Generositéit vun iwwert 12 Sponsoren - déi Dir op all Säit vum Kalenner fannt -  huet eis et erlaabt , och 2018 nees en  Déierekalenner  am DIN A3 Format an am bewäerte Stil erauszeginn. Wéi schonn 2017 konnte mir  eis och dëst Joer d'Zesummenaarbecht mat de Schüler vun der 3e E1 aus dem Lycée Michel Rodange sécheren. Dës engagéiert jonk Déierefrënn hunn eis fir de Kalenner...
De Grousse Bazar e Sonndeg, den 1. Oktober 2017 an der Maison Syndicale zu Diddeleng war nees e groussen Erfolleg
05/10/2017
E grousse Merci un all eis Benevolen, déi bei der Organisatioun gehollef hunn an natierlech un all déi Déierefrënn, déi eis Manifestatioun besicht an eis verloosse Muppen a Kazen ënnerstëtzt hunn. Net ze vergiessen eis Sponsoren, déi wéi all Joers zum grousse Succès vun eiser Tombola bäigedroen hunn, genauso wéi déi Leit, déi de Bazar net besiche konnten an duerch e generéisen Don op eise...
En Don fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng vun den Ofschlossklassen 2017 aus dem LNBD
13/09/2017
Kierzlech war de Komitee vun den Ofschlossklassen aus dem LNBD op Besuch am Déierenasyl. D'Schüler, déi dëst Joer hir 1ière oder hir 13e ofgeschloss hunn, haten iwwert d'Schouljoer mat  e puer Aktiounen, wéi Kuch verkafen oder Tombolaen Sue gesammelt fir  d'Ofschlossfeier vun hirer Lycéeszäit ze finanzéieren.  Zum Schluss sinn nach stolz 550€ iwwregbliwwen, déi dem Regionalen Déierenasyl...
Den 3. September war Porte-Ouverte am Regionalen Déierenasyl - Diddeleng
05/09/2017
Bei herrlechem Spéitsummerwieder  war d' PORTE-OUVERTE am Regionalen Déierenasyl - Diddeleng am Park Le'h e ganz groussen Erfolleg! Vill Déierefrënn hunn Geleeënheet genotzt fir e Bléck hannert d'Kulissen ze werfen an sech am fräie Rondgang duerch d'Raimlechkeeten, d'Installatioune vum Regionalen Déierenasyl unzekucken an sech esou e Bild vun der deeglecher Aarbecht vun der Equipe vum Déierenasyl ze...
M. le Ministre Fernand Etgen en visite à l’Asile pour Animaux Régional-Dudelange
30/07/2017
En date du 28 juillet 2017, le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs, Monsieur Fernand Etgen – accompagné du Dr. Wildschütz, Directeur de l’Inspection Vétérinaire et de M. Vandendries, 1er Conseiller de Gouvernement  - a visité l’Asile pour Animaux Régional - Dudelange. Lors de la présentation des installations du refuge par la direction de l’Asile pour Animaux...
En Don fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng vum Grillfest "Arlette a Romy mam Sam"
30/07/2017
Och dëst Joer haten d'Arlette an de Romy Folschette, hiert traditionellt Grill-Fest beim " Arlette a Romy " fir hir Frënn an d'Famill zu Betten op der Mess organiséiert. Wéi schonn déi Joere virdrun, huet déi sympathesch Koppel op Kadoen a Blumme verzicht an  amplaz Spende  fir den Regionalen Déierenasyl-Diddeleng  gesammelt . Am Kader vun enger klenger sympathescher Reunioun - bei deeër natierlech den...