Muppeschwammen - Journée de baignade pour chiens
30/08/2023
Muppeschwammen an der oppener Schwämm vun Diddeleng - Journée de baignade pour chhiens à la piscine ouverte de Dudelange   Rendez-vous e Sonnden, den 03.09  vun 10-18 Auer! Rendez-vous dimanche, le 03.09. de 10 à 18h!   Méi Infoen ënner / Plus d'infos sur: https://www.dudelange.lu/index.php/avis/muppeschwammen/ 
Generéis Spend
17/08/2023
E léiwe Besuch hate mir am Asyl zu Diddeleng vun de Kanner vum Kierker zu Dippech a Begleedung vun "Dippech Hëlleft".  Eng ganz generéis Spend vun 1000€, déi si duerch de Verkaf vun hiere Bastelsaachen op der Brocante zu Schuller zesumme kruten, plus nach eemol 1000€ vun "Dippech Hëlleft".   Mir soen hinnen all VILLMOOLS MERCI fir déi generéis Spend am Numm vun eise Schützlingen!
Remise de don de la part de "Päiperléck Aides et soins à domicile"
06/02/2023
Am Numm vun onse Muppen a Kazen soe mir "Päiperléck Aides et soins à domicile" villmools MERCI fir de generéisen Don vun 2.000.-€ deen si ons de 06.02.2023 iwwerreecht hunn.  
Aktioun "Tierheimwünsche werde wahr" am Fressnapf Howald
06/12/2022
An schonn ass et rëm souwäit… "Tierheimwünsche werden wahr im Fressnapf Howald" Bis de 24.12. leeft d‘Chrëschtdagsaktioun am FRESSNAPF um Houwald zu Gonschte vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng. Um Wonschchrëschtbeemchen hänke vill kleng Käertecher mat flotte Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen. Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déieren maache wëllt an déi dann...
Äddi Splash
02/11/2022
Léiwe Splash, Lo ass de Moment komm, wou mir dir mussen Äddi soen… Obwuel mer eis opgrond vun denger gesondheetlech leider ganz onstabiler Situatioun bewosst waren, dass dësen Dag fréier oder spéider komme wäert, ass et elo onerwaart a virun allem ganz schnell gaangen. Du hues awer ee richteg schéinen Alter erreecht, virun allem wann ee bedenkt wat s du schonn alles an dengem Liewe mattgemaach hues... Du has keen einfacht Muppeliewen, dat...
Bichermaart de 19. & 20.11.2022 vu 14 bis 18 Auer
20/10/2022
BICHERMAART de 19. & 20.11.2022 vu 14h00 bis 18h00 Auer am Regionalen Déierenasyl zu Diddeleng, 45 rue de la Forêt Well op onsem Hierschtfest d‘Bicher dëst Joer e bëssen ze kuerz komm sinn, maache mir elo de 19. an 20. November en exklusive BICHERMAART mat Kaffi a Kuch  --> Vill Bicher zu villen Themen --> Kaffi & Kuch --> Den Asyl ass trotz Chantiersaarbechten zu Fouss ze erreechen  --> Parkméiglechkeeten...
Kalenner fir 2023
07/10/2022
Eise Kalenner fir 2023 ass do! Dëst Joer kommen déi schéi Biller op onsem Kalenner 2023 vum der Dagesstruktur vun der APEMH. Hinnen e ganz grousse MERCI! D’Fotoe vun onse Muppen si vum Luisa Maria Stagno, vun onse Kazen vum André Faria Jorge. De Kalenner kritt dir bei eis am Asyl ze kafen. Den Déierekalenner kann och per Mail op info@asile.lu bestallt ginn, respektiv duerch d‘Iwwerweise vu 20,00 € (15.-€ Kalenner & 5,-€...
Hierschtfest den 02.10.2022 vun 11 bis 17 Auer
02/10/2022
Porte-ouverte 2022
02/06/2022
Bei schéinem Wieder an entlech rem ouni Corona Restriktiounen, huet et ons immens gefreet, dass sou vill Leit de Wee ob eis Porte-ouverte vum 22. Mee 2022 font haaten.    MERCI fir Äere Ënnerstëtzung duerch äeren Besuch, äer Sach-  a Geldspenden.   Team vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng 
Porte-Ouverte den 22.05.2022 vun 11:30 bis 17 Auer
22/05/2022
Porte Ouverte am Regionalen Déierenasyl Diddeleng, den 22. Mee 2022 vun 11h30 bis 17h00  Visitt vum Asyl  Eppes Guddes vum Grill (och vegetaresch)  Second-Hand Shop Kal Cocktaile fir de Summer ze begréissen  Mir freen eis op Iech