Eisen Déierekalenner fir 2018 ass do!

04/10/2017

D'Generositéit vun iwwert 12 Sponsoren - déi Dir op all Säit vum Kalenner fannt -  huet eis et erlaabt , och 2018 nees en  Déierekalenner  am DIN A3 Format an am bewäerte Stil erauszeginn.

Wéi schonn 2017 konnte mir  eis och dëst Joer d'Zesummenaarbecht mat de Schüler vun der 3e E1 aus dem Lycée Michel Rodange sécheren. Dës engagéiert jonk Déierefrënn hunn eis fir de Kalenner 2018 hir Aarbechten - d.h. Biller vun Honn a Kazen a verschiddene Stilrichtungen - zur Verfügung gestallt. Hir kleng Konschtwierker fannt Dir alternativ mat de Fotoe vun de Muppen a Kazen aus dem Asyl op jidderengem vun den 12 Kalennerblieder.

Doniewent bitt sech de Kalenner wéi an de vergaangene Joren als "Familljeplaner" un:

  • d'Terminer vun dräi Persoune kënnen iwwersiichtlech gefouert ginn.  
  • Desweideren : vill Info'en zu de Vakanzen - Kalennerwochen - Feierdeeg - Moundphasen

De Präis bleift  onverännert mat 15.-Euro

Verkaf vum Déierekalenner entweder zu den Ëffnungszäite vum Regionalen Asyl zu Diddeleng (17h30-19 Auer) an eisem SHOP, oder iwwert eis Emailadress info@asile.lu

Bei Versand musse mer leider 5€  weider froe fir Enveloppe an Timber.

Den Erléis aus dem Verkaf ass zu 100% fir déi verloosse Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl -Diddeleng

Hei kritt Dir eise Kalenner och nach ze kafen: