Den 3. September war Porte-Ouverte am Regionalen Déierenasyl - Diddeleng

05/09/2017

Bei herrlechem Spéitsummerwieder  war d' PORTE-OUVERTE am Regionalen Déierenasyl - Diddeleng am Park Le'h e ganz groussen Erfolleg!

Vill Déierefrënn hunn Geleeënheet genotzt fir e Bléck hannert d'Kulissen ze werfen an sech am fräie Rondgang duerch d'Raimlechkeeten, d'Installatioune vum Regionalen Déierenasyl unzekucken an sech esou e Bild vun der deeglecher Aarbecht vun der Equipe vum Déierenasyl ze maachen.

Déi verschidden Neierungen, wéi den Horaire vun 12-17 Auer an de Grill mat  Kaffisstuff hu bei alle Visiteure groussen Uklang fonnt, grad esou wéi déi gewinnten Informatiouns - a Verkafsstänn, de Secondhand Shop fir Mupp a Miess an d'Bicher iwwert en aartgerecht, harmonescht a fairt Zesummeliewe mat Hausdéieren.

Am Zentrum vum Interessi stoungen natierlech d'Muppen an d'Kazen, wou verschidden eenzel Schicksaler munche Leit no gaange sinn. Aus verständleche Grënn ass den Dag selwer keen Déier adoptéiert ginn, mee et sinn trotzdeem eng Rei vu Kontakter entstanen, sou datt e puer Muppen a Kazen hoffe kënnen, iwwert kuerz oder laang en neit Doheem an enger verständnisvoller Famill ze fannen.

Déi Déierefrënn, déi eis Muppen a Kazen net besiche komme konnten, kënnen eis trotzdem ënnerstëtzen duerch en Don op de Konto:

CCPL LU52 1111 0026 3011 0000

 

 Ab 2018 fënnt eis Porte-Ouverte am Fréijoer statt an zwar den  2. Sonndeg no Ouschteren:

                                            --->    15.04. 2018