Miro
Ritt, XPodenco , 9 Joer et 7 Méint

Awanderer sicht neit Doheem, aus Spunien an net frou mat der Keelt, sinn ech nach ëmmer op der Sich no engem Mënsch, dee mat mir eng Couch well deelen. Ech sinn en Podencobouf a kennen dat Wieder hei schonn 8 Joer.

Duerch an duerch Juegdhond, fänken ech iech alles wat mir virun Nues kennt, esou huet schonn esou muncher Villchen a Kaweechelche schlecht Erfarung mat mir gemaach. Esou dass dir iech denke kënnt, dass ech mat Kazen an anere klengen Déieren och esou géif ëmgoen. Dat heescht awer och dass ee mech net vun der Lenkt ka loossen.

Ech kennen och soss net vill vun der Welt, awer ech si bereet et mat iech an duerch iech ze leieren. Ech hunn nach ni engem Zweebeener eppes zuleeds gedoen, Kanner kennen ech net well ech hei am Asyl opgewuess sinn.

Ech hunn hei am Asyl ee Muppenfrënd an eng Muppenfrëndin, dat sinn awer déi eenzeg mat deenen ech frou sinn. All déi aner hunn ech bis elo mat menge Frënn verdriwwen. Wann ech eleng si kann een awer villäicht mol mat engem anere Mupp probéieren.

Charakter: Gentil
Versteet sech mat aneren Honn: +- OK
Versteet sech mat Kazen: Nee
Identifikatioun: CHIP
Morphi
Ritt, XPodenco , 9 Joer et 7 Méint

Als Baby a Spunie fonnt ginn, iwwer eng Organisatioun hei a Lëtzebuerg vermëttelt a just fir e puer Deeg am Asyl geparkt, sinn aus e puer Deeg Jore ginn.

Ech hunn nach net vill vun der Welt gesinn a sinn dofir onsécher an ängschtlech. Mat mir muss een sech ufrënnen, also net einfach kommen a spadséiere goen, mee mol e bësschen Zäit mat mir verbrénge bis ech keng Angscht méi virun dir hunn. Dann kommen ech awer gär an huele meng Schmuseenheeten of. Ech wäichen éischter zréck wei dass ech mech wieren, dofir brauch een e bëssche méi Gedold mat mir.

Als Podenco geziicht, sinn ech e Jeeër a liewen dat och dobaussen aus, wann ech kann. Mech däerf een also net frei lafe loossen, soss maachen ech dat fir dat ech geziicht gi sinn.

Ausser mat mengem Kolleg Miro a menger Frëndin Dora ginn ech net mat anere Muppen eens. Mat enger Muppenkollegin kann ee mol probéieren.

Un verstänneg Kanner géif ech mech bestëmmt gewinnen.

Mat Kaze kann ech net zesumme liewen, déi hunn ech "fir ze friessen" gär.

Ah jo, dat hat ech bal vergiess. Ech hunn nëmme méi een An well ech virun enger Zäit en Tumor dran hat, deen een huet missen eraushuelen. Et ass e klenge Schéinheetsfeeler dee mech awer net steiert, an ech sinn och erëm ganz gesond, esou dass ech nach vill Jore Couch mat iech deele kann.

Charakter: Timide au début
Versteet sech mat Kazen: Nee
Identifikatioun: CHIP
Skippy
Mudder, Bichon , 10 Joer et 5 Méint

Ech, d'Skippy kommen aus enger Massenzucht. Mir waren zu 4 wéi mir hei an engem desolaten Zoustand ukomm sinn. Mir hunn laang gebraucht bis mir gesondheetlech an der Rei waren.

Leider hunn mir ni eppes kennen geléiert, weder eng Hand vun engem Mënsch, nach eis Ëmwelt. Ech loosse mech dofir net upaken, sinn net propper an och schei allem ronderëm. Well ech e Bichon sinn, musse ech zwee mol am Joer bei den Coiffer. Dat ass awer net wéi bei anere Muppen, mee ech gi bei den Dokter deen mech schlofe leet an da schuert.

Ech brauche en Doheem wou ech net ugepaakt gi respektiv mat vill Ausdauer, Léift an Zéit doru geschafft gëtt. Wou ech en Gard hunn an deem ech mech propper maache kann, well mat mir kann een net spadséiere goen.

Vir meng Kommissioun dobaussen ze maachen, léieren ech bestëmmt relativ séier mat e bëssche Konsequenz.

Muppenkollege sinn kee Problem, ech gi mat grouss an kleng eens.

Kanner fäerten ecg, an Kazen kennen ech net.

Charakter: Méfiant et craintif
Versteet sech mat aneren Honn: ok
Versteet sech mat Kazen: Nach net getest
Versteet sech mat Kanner: Nee
Identifikatioun: CHIP