Plato
Ritt, CDR Weimaraner , 7 Joer

Wann ech mat dir duerch eng Dier well kommen, ass et ganz schwéier mech dovun ofzehalen. Ech sinn a jonke Jore wahrscheinlech mat veraalte Methoden (mat Schmäerz) erzu ginn, dat weisen ech doduerch dass ech mech net méi um Hals(band) upake loossen an och soss ganz mësstrauesch sinn.

Méin Frupse loossen ech mir net ewechhuelen, a weisen dat och ganz däitlech duerch grommelen oder schnapen.

Wann ech iech awer kennen, kommen ech gäre schmusen a ginn och gäre mat iech op den Tour. Ech gi gutt un der Léngt an zeien net. Alles wat bei mir Vertrauen opbaut oder Training mat positiver Verstäerkung, gëtt vu mir gutt ugeholl.

Géint en Muppenfrënd(in) hunn ech näischt.

Kanner a Kaze sollten awer net a mengem neien doheem sinn.

Charakter: Gentil et actif
Versteet sech mat aneren Honn: ok +-
Versteet sech mat Kazen: Nee
Versteet sech mat Kanner: Nee
Identifikatioun: CHIP
Pluto
Ritt, CDR Weimaraner , 7 Joer

Keng Dier ass virun mir sécher, ech kréien se all op. Mat vill Käppchen, awer ngativ Erfarungen, déi ech am Laf vu mengem Liewe gesammelt hunn, sinn ech net ganz einfach.

Ech sinn e ganz aktive Mupp dee gäre beschäftegt a spadséiere geet.

Duerch schlecht Erzéiung a menger Jugend loossen ech mir net méi alles gefalen, a kann dat och mol mat mengen Zënn weisen. Hei hunn ech duerch positiv Verstäerkung geleiert den Mënschen erëm e bësschen ze vertrauen, trotzdeem sinn ech nach virsiichteg. Meng Erzéiung sollt op positiver Basis weidergefouert ginn, well déi al Methode mat rappen, jäizen oder Picken- an Elektrohalsband quittéieren ech mat Bäissen.

Ech sinn näischt fir bei Kanner, och Kazen an aner Deieren, sollten net a mengem neien Doheem sinn.

Géint eng Muppenfrëndin hätt ech awer bestëmmt näischt.

Charakter: Gentil et actif
Versteet sech mat aneren Honn: ok+-
Versteet sech mat Kazen: Nee
Identifikatioun: CHIP