Plato
Ritt, CDR Weimaraner , 7 Joer et 3 Méint

Wann ech mat dir duerch eng Dier well kommen, ass et ganz schwéier mech dovun ofzehalen. Ech sinn a jonke Jore wahrscheinlech mat veraalte Methoden (mat Schmäerz) erzu ginn, dat weisen ech doduerch dass ech mech net méi um Hals(band) upake loossen an och soss ganz mësstrauesch sinn.

Méin Frupse loossen ech mir net ewechhuelen, a weisen dat och ganz däitlech duerch grommelen oder schnapen.

Wann ech iech awer kennen, kommen ech gäre schmusen a ginn och gäre mat iech op den Tour. Ech gi gutt un der Léngt an zeien net. Alles wat bei mir Vertrauen opbaut oder Training mat positiver Verstäerkung, gëtt vu mir gutt ugeholl.

Géint en Muppenfrënd(in) hunn ech näischt.

Kanner a Kaze sollten awer net a mengem neien doheem sinn.

 

Je suis un vrai fugitif : si je veux passer une porte avec vous, difficile de m’en empêcher… Lorsque j’étais plus jeune, on a dû m’éduquer à la dure. C’est sûrement pour cela qu’on ne peut pas me caresser le cou et la nuque.

J’ai, en plus, un caractère assez méfiant. Interdiction de m’enlever mon doudou… je grogne et montre les dents. Mais une fois que je vous connais, je viens facilement réclamer des câlins et j’aime être promené même en laisse, d’ailleurs je ne tire pas.

Je m’entends avec tous les chiens, mais je ne voudrais pas de chats ou d’enfants dans mon nouveau foyer.

Charakter: Gentil et actif
Versteet sech mat aneren Honn: ok +-
Versteet sech mat Kazen: Nee
Versteet sech mat Kanner: Nee
Identifikatioun: CHIP