Den Pippo ass am Muppenhimmel
Chien, Bichon , 10 ans et 4 mois

Meng Muppenkollegin d'Skippy an ech, de Pippo, kommen aus enger Massenzucht. Mir waren zu 4 wéi mir hei, an engem desolaten Zoustand, ukomm sinn. Mir hunn laang gebraucht bis mir gesondheetlech an der Rei waren.

Leider hunn mir ni eppes kennen geléiert, weder eng Hand vun engem Mënsch, nach eis Ëmwelt. Mir loossen eis dofir net upaken, sinn net propper an och schei allem ronderëm.

Well mir Bichone sinn, musse mir zwee mol am Joer bei den Coiffer. Dat ass awer net wéi bei anere Muppen, mee mir gi bei den Dokter deen eis schlofe leet an da schuert.

Mir brauchen en Doheem wou mir net ugepaakt gi respektiv mat vill Ausdauer, Léift an Zéit doru geschafft gëtt. Wou mir en Gard hunn an deem mir eis propper mache kënnen, well mat eis kann een net spadséiere goen.

Vir eis Kommissioun dobaussen ze maachen, léiere mir bestëmmt relativ séier mat e bëssche Konsequenz.

Muppenkollegen sinn kee Problem, mir gi mat grouss an kleng eens.

Kanner fäerten mir, an Kazen kennen mir net.

Caractère: Méfiant et craintif
Compatibilité avec d'autres chiens: ok
Compatibilité avec des chats: Nach net getest
Compatibilité avec les enfants: Nee
Tatouage: CHIP