Boy >>reservéiert
Ritt, Welsh Terrier, 3 Joer et 10 Méint

Jonke Krauselkapp sicht neit Doheem. Ech sinn en rengrassege Welsh Terrier dee leider no bal 4 Joer säin Doheem verluer huet. Et war awer net meng Schold, well ech sinn en einfachen a montere Gesell dee mat all Mupp eens gëtt. Trotzdeem well ech awer an mengem neien Doheem Eenzelprënz sinn.

Ech spille gär mat Iech a géif och gäre gutt laang spadséiere goen. Och Waasser ass méin Element wei dir am Video gesitt.

Juegddriff hunn ech wahrscheinlech net ganz vill, well wéi se mat mir am Kazenhaus waren, hunn ech Miezen net vill bekuckt. Esou dass villäicht och eng léif, Muppe gewinnten, Miez a mengem neien Doheem däerf wunnen.

 

Charakter: Gentil
Versteet sech mat aneren Honn: Jo
Versteet sech mat Kazen: +- Jo
Identifikatioun: Chip