Lord, op Prouf fort
Chien, Mix, 2 ans

Obwuel mäin Start an‘t Liewen net dee Beschte war, sinn ech awer en léiwe Mupp bliwwen. Ech sinn eng kleng lëschteg Mëschung vun 2 Joer a well elo alles nohuele wat ech bis elo verpasst hunn.

Doduerch, dass ech net vill kennegeléiert hunn a kee mir vernënfteg erkläert huet wéi sou en Zesummeliewe mat Mënsche funktionéiert, sinn ech nach net ganz propper. Ech géif mech op eng Famill freeën déi vill Zäit vir mech huet a mech vergiesse léist wat ech erlieft hunn.

Kanner a Kazen däerfe gären a mengem neien doheem sinn. Trotzdeem soll ee bedenken dass ech nach jonk a stiermesch sinn.

Caractère: Très gentil
Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Compatibilité avec des chats: Jo
Tatouage: Chip