Chippie
Chienne, Epagneul Breton, 7 ans et 9 mois
Ech sinn eng Epagneul Breton Madamm vun 8 Joer an hat et bis elo a mengem Liewen net schlecht. Dat gesäit een och un mengem Gewiicht. Ech muss e bësschen ofhuelen, dat duerch Beweegung déi ech a leschter Zäit vermësst hunn, kee Problem däerft sinn.
Ech war gewinnt vill Stonnen eleng ze sinn, dat soll awer elo net méi sinn. Mech kann ee mat allem frou maache, wann ech nëmme bei menge Léit sinn.
Ech sinn als Juegdhond op Welt komm an hunn meng Nues dauernd um Buedem, dofir kann ee mech op mannst mol am Ufank net vun der Léngt loossen. Mat Kazen an aneren Deiere kann ech näischt ufänken.
Mat anere Muppe verstinn ech mech gutt.
Ech kenne Kanner a loosse mir vun hinne vill gefalen, trotzdeem sinn ech awer frou wann ech deen néidege Respekt entgéint bruecht kréinen.
Caractère: Gentil
Compatibilité avec d'autres chats: Nee
Compatibilité avec des chiens: Jo
Compatibilité avec les enfants: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Tatouage: Chip